Iwwert Eis
Zesummen sinn mir, Wëllef Süden
Wëllef Süden gouf 2023 vun aacht engagéierte jonke Chef aus dem Süden gegrënnt. D’Zil vu Wëllef Süden ass et, de Jonken eng Méiglechkeet ze bidden, nei Frëndschaften ze knëppen an ze léieren, wéi een zesumme mat anere Kanner, déi een nach net kennt, eens gëtt. Mir leeë grousse Wäert op déi perséinlech Entwécklung an de sozialen Zesummenhalt.
Och d’Cheffe spille bei eis eng wichteg Roll a sollen net vernoléissegt ginn. Duerch d’Joer verdeelt organiséiere mir reegelméisseg Aktivitéite speziell fir d’Cheffen, fir datt si sech besser kenneléiere kënnen an hir Fäegkeeten als Leader verbesseren. Dës Aktivitéite fërderen den Austausch an d’Zesummenaarbecht, wat eis als Süden nach méi stäerkt.
Eis Geschicht
Mir sinn d’Wëllef Süden, eng engagéiert Ekipp vu jonke Leit, déi sech fir d’Entwécklung an den Zesummenhalt vun de Kanner an der Regioun asetzen. Hei ass eis Rees bis elo.
2023
Grënnung
No engem Joer Konzept ausschaffen hunn sech 8 Jonk Chef aus dem Süden zesummegedoen a Wëllef Süde gegrënnt.
2024
Éischt Aktivitéiten | Olympiad 2024
Den 28 Juni war et dunn esou weit. Eis alleréischt Aktivitéit fir Wëllefcher huet zu Diddeleng stattfonnt. Mat ronn 125 Kanner a bis zu 50 Chef & Mataarbechter.

Pit Kasel
Saint Jean Diddeleng
PitKasel@wellefsuden.lgs.lu

Pit Lentz
Saint Donat Roeserbann
PitLentz@wellefsuden.lgs.lu

Toni Bodson
Saint Donat Roeserbann
ToniBodson@wellefsuden.lgs.lu

Lily Weis
Saint Donat Roeserbann
LilyWeis@wellefsuden.lgs.lu

Emma Sunnen
Sainte Marie Käl
EmmaSunnen@wellefsuden.lgs.lu

Pit Schneider
Sainte Marie Käl
PitSchneider@wellefsuden.lgs.lu

Erica Rodriques
Jules Bleser Monnerech

Trixy Hosch
Jules Bleser Monnerech