Wëllef Süden Olympiade 2024
Déi alleréischt Wëllef Süden – Aktivitéit : Top oder Flopp?
Nodeems d’Regional Ekipp Wëllef Süden am November 2023 gegrënnt war, war kloer: eng éischt Aktivitéit muss hier. Et sollt eppes Neies sinn. Eppes wat et bis elo nach net bei den LGS gouf. Ee Rallye? Ee grouss Plaanspill? Oder eppes ganz aneres? No laangem Iwwerlee war d’Iddi do: eng riseg Olympiade.
D’Konzept sollt och anescht si wéi bei normalen nationalen Aktivitéiten. Fir dass Wëllef Süden och säin Zweck erfëllt, nämlech d’Wëllefcher aus dem Süde schonns an dësem jonken Alter zesummen ze bréngen, sollten d’Wëllefcher d’Aktivitéit an enger Grupp gemëscht mat anere Ruddele verbréngen. Ob dat esou gutt geklappt huet sollte mir méi spéit nach gesinn.
Den 29. Juni um 11 Auer hunn sech also 129 Wëllefcher an hier 26 Chef aus verschiddene Ruddelen aus dem Süden zu Diddeleng am Parc Leh’ getraff fir dem Antelia ze hëllefen, den Ceasar ze iwwerzeegen, d’olympesch Spiller bei de Réimer anzeféieren. No e bëssi Chaos beim Andeele vun de Gruppe konnt et endlech lassgoen an d’Wëllefcher ware méi wéi prett dem Antelia ze hëllefen. Op 10 verschiddene Statioune konnten sech d’Gruppen an Dueller moossen. Vu Bouschéissen, iwwer Bobbycarsfueren bis hin zu Wikingerschach war fir jiddereen eppes dobäi. An esouguer d’Wieder huet tipptopp matgespillt. Keng eng Wollek huet sech de ganzen Dag um Himmel blécke gelooss esou dass mir sou guer hu misste Pavillonen opriichten.
Schluss war dann um 17 Auer. Nodeems den Ceaser iwwerzeegt war an d’ Gewënner präisgi ware konnten d’Wëllefcher zefridden heemgoe mat scho vill neie Bekanntschaften an hoffentlech Virfreed op déi nächst Wëllef Süden Aktivitéit.
Eise Fazit: Méi Top ewéi Flopp an d’Aktivitéit vun nächst Joer ass schonns mat de Verbesserungsvirschléi a Berücksichtegung vum ville Feedback an da maach. Mir soen all deene Leit déi eis op de Statiounen oder sossanzwousch gehollef hunn an natierlech och de Wëllefcher an hire Chef ee ganz grousse Merci fir hiert Engagement an hier Participatioun.