Seite wählen

Wëllef Süden MisterX 2025

Nodeems déi 1. Wëllef Süden Aktivitéit 2024 eng Olympiad war stoung dëst Joer déi 2. ënnert dem Thema vu Mr X.

Den 28. Juni hunn sech 120 Wëllefcher an hier 25 Chef op de Wee bis op Kayl gemaach wou eppes Schreckleches geschitt war: De Südi dat neit Maskottche vu Wëllef Süde war geklaut ginn.

Dem Wëllef Süde Konzept trei, also a gemëschte Gruppen hunn d‘Wëllefcher bei engem top Wieder verschidden Duerfbewunner getraff déi si ëmmer méi no bei den Entféierer vum Südi bruecht hunn. Wéi zum Schluss nëmmen nach 2 Verdächteger iwwreg ware war et kloer: de Spillsaacheverkeefer war den Täter. Gottseidank konnten d‘Wëllefcher de Südi befreien an zefridden heemgoen.

D‘Chef esou wéi eis wonnerbar Hëllefer vum Kayler Grupp a vun de Statiounen hunn den Owend bei engem Patt an engem Wupp ausklénge gelooss.

E grousse Merci nach eng Kéier dem Kayler Grupp fir hier Ënnerstëtzung an deene Leit déi de ganzen Dag dir eis op de Statioune souzen.

Mir haten ee wonnerbaren Dag a freeën eis schonn d‘Wëllefcher aus dem Süden nächst Joer op eiser 3. Aktivitéit kennen ze begréissen!